Fitness IRL
Uert
Youth Hostel Echternach - 100 Rue Grégoire Schouppe, 6479 Echternach
Du wëlls méi iwwer Fitness wëssen an dobäi selwer aktiv ginn? Da bass du hei richteg!
An dësem interaktive Workshop léiers du, wéi een Fitnessmaterial wéi Dumbbells, Medizinbäll oder einfach säin eegent Kierpergewiicht effektiv asetzt a wéi een Training sënnvoll opbaut – vu Kraaft an Ausdauer bis Gläichgewiicht, Mobilitéit a Stretching.
Dobäi kucke mir eis och déi eng oder aner Fitness-Mythos un a fanne eraus, wat wierklech stëmmt a wat éischter Social-Media-Fake-News ass. An natierlech hues du d’Méiglechkeet, deng eege Froen ze stellen an alles direkt selwer auszeprobéieren.
Komm laanscht, trainéier mat a huel Puer nei Techniken mat op de Wee fir deng Workouts ze verbesseren!
D’Iessen ass mat abgeraff
Price: 15€
Partnerevents
Reservéier deng Plaz
Maach mat bei eisem Fitness-Workshop! Ausprobéieren, nei Saache léieren a Fitness-Mythen entlarven – komm laanscht, trainéier mat a looss dech iwwerraschen!