Indoor Surfing 2
Uert
Route de Longwy 596, 6700 Arlon, Belgique
Probéier Indoor-Surfen aus a kuck, wéi gutt s du d’Well beherrsche kanns! Egal ob s du fir d’éischt op engem Surfbriet stees oder schonn e bëssen Erfarung hues, et ass eng flott an spannend Méiglechkeet, dech selwer erauszefuerderen, nei Fäegkeeten ze léieren an däi Gläichgewiicht ze verbesseren.
Bei Surflux zu Arel kanns du op enger kënschtlecher Well surfen bei der d’Kraaft an d’Form un all Niveau kënnen ugepasst ginn, sou datt Spaass, Erausfuerderung a Sécherheet optimal kombinéiert ginn.
Fir un dëser Aktivitéit deelzehuelen, muss du schwamme kënnen an dech am Waasser wuel fillen. Aus Sécherheetsgrënn gëllt eng Mindestgréisst vun 1,30 m an e Mindestgewiicht vun 30 kg.
Mir treffen eis Moies um 08h00 um Campus Geesseknäppchen (40, bd. Pierre Dupong, 1430 Hollerich) a fueren zesumme mam Bus op Arel. Nomëttes si mir rëm géint 13h00 an der Stad.
Price: 5€