Beach de Lux
Den Beach de Lux ass den éischten an eenzege offiziellen Beach-Volleyball Club zu Lëtzebuerg. De Club ass zu Lintgen an huet Terrain’en direkt nieft enger flotter, natierlecher Ëmgéigend beim Bësch. D’Zil vum Club ass et, Beach-Volleyball zu Lëtzebuerg ze entwéckelen an eng aktiv a lëschteg Gemeinschaft ronderëm de Sport ze bauen. Nieft dem Sport ass och de soziale Volet wichteg: et geet ëm Spaass, Teamgeescht an zesumme Sport maachen an der frëscher Loft.
Volleyball