Le Gouvernement du Grand-Duche de Luxembourg
Reit und Therapiestall – Meeschhaff

Reit und Therapiestall – Meeschhaff

De Meeschhaff zu Ermsdorf ass e modernen Reitsport- a Päerdszentrum, deen zënter 2008 eng breet Palette u Servicer ronderëm d’Päerd ubitt. Op engem Areal vu ronn 9 Hektar fanne sech Reitcoursen, Boxelocatiounen, Training, Betreiung a spezialiséiert Rehabilitatiouns- an Therapieoffere fir Päerd. De Centre zielt haut zu de gréisste Reitzentren am Land a begréisst all Woch vill Kanner, Jugendlecher an Erwuessener.

 
Duerch seng modern Infrastrukturen, seng familiär Atmosphär an den Engagement fir Déierewuel a sportlech Entwécklung deelt de Meeschhaff Wäerter wéi Verantwortung, Beweegung an Zesummenhalt. Dës Wäerter maachen de Centre zu engem wäertvolle Partner fir MOVE an d’Promotioun vun engem aktive Liewensstil bei Jonken.

Bleif informéiert

Verpass keng nei Aktivitéiten oder Events vum MOVE. *