Liichtathletik – Lafen
Uert
Stade municipal Diekrich, Rue Joseph Merten, 9370 Diekirch
Bass du prett fir op d’Pist ze goen? Komm mat bei engem Dag, dee ganz am Zeeche vum Lafen steet! Du schaffs un denger Vitesse, Ausdauer a Koordinatioun duerch Sprinten, Staffelcoursen an déi spannend Disziplin vum Steeple. Egal ob s du schonn Liichtathletik méchs oder einfach eppes Neies ausprobéiere wëlls – hei hues du d’Méiglechkeet, dech auszepoweren a Spaass ze hunn. Gëeegent fir all Niveau.
Du kanns dech nëmme fir dësen Dag umellen oder en zesumme mat den zwee aneren Deeg als komplette Camp buchen.
Navetten ginn vum Campus Geesseknäppchen op Diekrech an erëm zeréck organiséiert.
Price: 10€
Partnerevents
Reservéier deng Plaz
Maach mat bei eisem Liichtathletik Camp! Action, Teamgeescht a gutt Laun – komm laanscht, dat wëlls du net verpassen.